Bei der Jugendweltmeeschterschafte vum 29.10.-9.11.2024 hunn direkt 2 vun eise Jugendspillerinnen matgespillt : D’Manon Schippke fir Frankreich an d’Sevda Reding fir Lëtzebuerg.
An der 1. Ronn huet Manon géint d’Rumänin I. Chicarosie gewonnen an Sevda huet Remis géint WFM P. Suarez Gomez aus Spuenie gespillt. E ganz gudden Optakt fir eis zwou Dammen.
Um Enn koum d’Manon ob 7/11. Och d’Sevda huet mat 6/11 Punkten iwwer 50% erreecht. Si landen domat ob der 10ter an der 26ter Plaz vu 55 Spillerinnen an der Kategorie U18.