4 Diddelenger ware leschte Weekend um Echternach Open aktiv – 3 als Spiller an den Olivier als Chefarbiter.
Am Beschten ofgeschnidden huet de Roby, dee mat 5,5/9 Punkten de 65. gëtt. De Matis gëtt mat 5 Punkten den 113ten an och de Claude B. ass mat 4 Punkten an der 197. Plaz an den Top 200.
Am Ganze waren dëst Joer 334 Schachspiller an der Abteistad dobäi.
D’Resultater sinn ob chess-results.


