Wärend verschidde vun eise Spiller ob der Nuit des sports eis Begeeschterung fir d’Schachspill vermëttelt hunn, waren e puer vun eisen etabléierte Spiller um 29. Iechternacher Open dobäi.

Mat 320 Spiller, dorënner eng Rei staark Groussmeeschteren ass et dat gréissten Turnéier zu Lëtzebuerg.

Wärend zwee Deeg hunn den Hubert, de Roby, de Claude B. an d’Sevda 9 Ronne Schnellschach gespillt – an dat géint Lëtzebuerger, Schachspiller aus der Groussregioun a vu vill méi wäit.