Den Owend war d’Assemblée générale vum CED.
Ugefangen huet d’Versammlung mat enger Gedenkminute fir eise rezent verstuewene Member, den Ady Christoffel. E ganzen Artikel doriwwer wat den Ady fir de Lëtzebuerger Schach geleescht hutt, fannt dir hei.

Nom Aktivitéiten- a Keessebericht, goufen eis 6 Membres méritants geéiert:

Wealer Henri a Claude (40 Joer Member)
Mustafa Nezar (30 Joer Member)
Anna Wagener, Marc a Victoria Schweitzer (20 Joer Member)

Als Ofschloss gouf et Pizza an e Patt ob de Veräin.