Ufank Mee ass zu Schëffleng d’Blitzmeeschterschaft mat am ganzen 36 Spiller ausgedroe ginn. An der Finale huet de Fred mat engem bal perfekte Score vun 10,5 vun 11 Punkten kloer den Titel gewonnen an d’Elvira ass mat 7,5 Punkten dat Drëtt ginn. Tëscht si huet sech just de Nicolas Bourg (Déifferdeng) geschmuggelt.
Berend, Fred 10,5
Bourg, Nicolas 8,0
Berend, Elvira 7,5