Zu Samarkand am Usbekistan war am September (14-27.9) déi 46. Schacholympiad. Déi lëtzebuergesch Hären- an Dammenekipp hu sech zesummen op de Wee gemaach, fir eist Land bei dësem internationale Schachevenement ze vertrieden.

Ënnert de Participante waren och e puer Vertrieder vum Schachclub Diddeleng: d’Elvira, de Fred, d’Anna an d’Nadine. D’Manon, dat och zu Diddeleng spillt, war fir déi franséisch Nationalequipe am Asaz. Den Olivier huet déi lëtzebuergesch Delegatioun als Head of Delegation begleet.

Staark Leeschtunge vun eisen Diddelenger Spiller

Besonnesch d’Elvira huet bei dëser Olympiad hir Roll als Schlësselspillerin vun der Dammenekipp ënnerstrach. Mat senger Erfahrung konnt hat der Equipe ëmmer nees hëllefen an huet mat seng Leeschtungen verschidde Matcher positiv gedreint. Och säin Gebuertsdag zu Samarkand wäert an Erënnerung bleiwen, hat huet deen Dag den eenzege Punkt géint Südkorea gefeiert.

Hei déi individuell Resultater vun eisen Diddelenger Spiller:

Mir gratuléieren hinnen all zu hire Leeschtungen an zu hirem Asaz bei dësem groussen internationale Schachturnéier.

Ofschloss vun der Schacholympiad

Mat insgesamt fënnef Victoiren, engem Gläichspill a fënnef Defaiten huet d’Härenekipp d’Schacholympiad op der 105. Plaz ënner 206 Equippen ofgeschloss.

D’Elvira war an de leschten dräi Ronnen krankheetsbedéngt net am Asaz, wouduerch der Damenequipe hiren Turnéier Ofschloss méi schwiereg war. Mat deemselwechte Gesamtbilan wéi d’Härenekipp, fënnef Victoiren, engem Gläichspill a fënnef Defaiten, huet si déi 87. Plaz ënner 189 Equippen erreecht.

E positiven Ofschloss

E grousse Merci un all eis Spiller fir hiren Engagement an un den Olivier fir d’Begleedung vun der Delegatioun. Mir gratuléieren der ganzer Equipe zu hire Leeschtungen a freeën eis drop wann si hir nei gewonnen Erfahrung am Championnat weisen – deen haut ufänkt.

Resultater a Fotoen

Déi komplett Resultater vun der Schacholympiad fannt Dir hei:

Hei och eng Fotogalerie vun der Schacholympiad vum Fiona Steil-Antoni.