Vum 10-23 September hu 5 Diddelenger Spiller Lëtzebuerg ob der Schacholympiad zu Budapest representéiert.
De Fred an d’Elvira hunn am Open matgespillt, esou wéi d’Anna an d’Nadine bei de Fraen. Den Olivier huet d’Equippen als Head of Delegation begleed an um FIDE Kongress deelgeholl.
Um Enn hunn sech béid FLDE-Equippen an der éischter Hallschent vun der Tabell klasséiert an hunn iwwer 100 Equippen hannert sech gelooss.
Open
5 Victoiren, 2 Gläichspiller, 4 Défaiten
Plaz 81/188
IM Fred Berend 6,5/9 Punkten
WGM Elvira Berend 6/9 Punkten
Fraen
6 Victoiren, 5 Défaiten
Plaz 64/169
WGM Anna Wagener 6,5/10 Punkten
Nadine Kremer 3,5/8 Punkten