Dir Dammen, dir Hären, léif Schach Frënn a Frënn vum Diddelenger Schachclub,
Den Diddelenger Schachclub envisagéiert ab dem September 2025 en Training fir talentéiert Jugend
Spiller ze organiséieren. Mir hu wëlles eis fir déi nächst Joren haaptsächlech op d’Jugend ze konzentréieren an esou nees jonk Schachspiller un d‘Spëtzt vum Lëtzebuerger Schach erun ze féieren.
Mir bidden esou eise Jugend Spiller d’Méiglechkeet sech vun deene beschten Traineren am Land
ausbilden ze loossen an Turnéiere souwuel am Land wéi och an der Groussregioun ze spillen.
Leider ass dat och matt Käschte verbonnen déi eise Veräin iwwer d’Cotisatioun vun eise Memberen net
méi aleng droe kann.

Wann dir eise Club a senge Beméiunge fir Jugend ënnerstëtze wëllt, da kënnt dir dat mat engem Don
op eise Konto LU18 0030 8030 7546 0000 bei der BNP Banque Générale maachen.
-> Comité de Parrainage du fonds des jeunes: ab 50 €
-> Comité de Patronage du fonds des jeunes: ab 25 €
Ab € 100 kënne mär är Publicitéit fir e Joer op eisen Internetsite setzen.
Gäre kënnt dir och ären Don iwwert Payconiq maachen.
Sollt der nach Froen iwwer den CED hunn, da kënnt dir eisen Internetsite consultéieren oder eis e Mail maachen (info@ced.lu).
Mir soen äerch am Viraus e groussen MERCI fir är Ënnerstëtzung.
Claude Birtz
Secretaire
Théid Klauner
President