
Eis Spillerin d’Manon huet bei der Jugend-Weltmeeschterschaft an Albanien eng super Leeschtung gewisen. Hat huet zum Schluss vum Turnéier d’Nerven behalen an seng zwou Schlussronnen souverän gewonnen.
Mat 8,5 aus 11 Punkten huet hat e staarkt Resultat erreecht. Domat kréint hatsech zur Vize-Weltmeeschterin an der Kategorie U18. E riesege Bravo fir dës aussergewéinlech Leeschtung.
