De leschte Spillweekend war spannend fir all eis Equippen, mat gemëschte Resultater, mee och vill Kampfgeescht.

Eis éischt Equippe, DUD I, huet sech géint ECH I en 16-16 erkämpft. Mat dësem Resultat schléisse si d’Saison op enger staarker 4. Plaz of a sécheren domat den Erhalt an der Nationaldivisioun. Eng zolidd Leeschtung iwwer déi ganz Saison, déi bal mat engem Podium belount ginn ass!

Fir DUD II war et e méi schwierege Match géint DIF III, deen knapp mat 15-17 verluer gaangen ass. Domat komme si op déi 7. Plaz a mussen an déi 1. Divisioun ofsteigen. Trotz dësem Réckschlag bleift d’Motivatioun héich – d’Zil ass kloer: zréckkommen a méi staark optrieden.

Eng ganz flott Victoire konnt eis drëtt Equippe feieren: DUD III huet sech mat 13-11 géint BER II duerchgesat. Mat dësem Erfolleg sécheren si sech déi 5. Plaz an domat den Erhalt an der 3. Divisioun.

Am Grousse Ganze war et e Weekend mat vill Emotiounen, Kampf a Teamgeescht. Merci un all Spiller fir hiren Asaz an un all déi, déi eis ënnerstëtzt hunn!

© Fotoen Gerd Densing