Eis Assemblée générale ass all Joer e wichtege Moment, fir sech och ausserhalb vum Spill zesummen ze fannen an op dat vergaangent Joer zeréckzekucken.
Besonnesch ervirgehuewe gouf d’Elvira fir seng exzellent Resultater, dat esou wuel vum Comité wéi och vum Walter Berettini, deen d’Gemeng Diddeleng repräsentéiert huet. De Georges (50 Joer), den Alain (40 Joer) an de Christophe (30 Joer) goufen geéiert, well si dem Veräin scho säit esou ville Joren trei sinn.
Den Owend ass an enger gudder Ambiance ronderëm enger Pizza auskléngen gelooss ginn.






