Landesmeeschter eng Ronn viru Schluss

Um Championnat zu Waasserbëlleg absolvéiert de Fred dës Woch e sans Faute. Bei den ABC Meeschterschaften gëtt hien ledeglech zwee Remis of a gëtt mat 6/7 Punkten neie Landesmeeschter.
Den Ivanchuk zu Diddeleng

Den Ivanchuk kennt ob Lëtzebuerg dank dem Fred senge Iwwerzeegungskënscht.
Klassenerhalt mol dräi!

No engem lange 9. Spilldag sinn mir frou, dass och eis éischt an eis drëtt Equipen de Klassenerhalt fir d’nächst Joer geséchert hunn.
Keng EM ouni d’Famill Berend

Wat wier eng Europameeschterschaft ouni d’Famill Berend? Wéi ëmmer waren si um Rendez-vous an hu Lëtzebuerg och dës Kéier gutt bei der Open-Europameeschterschaft a Rumänie vertrueden.
4t Plaz um Blitz Championnat

De Weekend war den CED mat enger Equipe um Blitz Championnat zu Scheffleng vertrueden.
6 Memberen ob der AG geéiert

Den Owend war d’Assemblée générale vum CED. Nom Aktivitéiten- an Keessebericht, goufen eis 6 Membres méritants geéiert. Als Ofschloss gouf et Pizza an e Patt ob de Veräin.
Mir soen dem Ady Äddi …

Leider huet eis de leschte Weekend mam Ady Christoffel een vun eise längste Memberen am Alter vu 87 Joer verlooss.
Hien huet méi wéi eng Generatioun Diddelenger Schachspiller begleet a geprägt, déi um Kannertraining Sonndes moies bei him ugefangen hunn mat spillen.
Top10 fir d’Nadine am Schnellschach

D’Nadine huet den CED de Weekend um Schnellschach Eenzel Championnat vertrueden.
Mat 5/7 Punkte placéiert hat sech an den Top10 vun 65 Schachspiller.
DUD II sechert seng Plaz an der Promotion d’honneur fir 2026

DUD II kann den Owend schonn duerchootmen. Nom 17-15 Gewënn haut géint STR I, bleift d’Equipe nächst Joer sécher an der Promotion d‘honneur (2t Lëtzebuerger Schachliga).
D’Famill Berend weist wat se kann

Mat 7 aus 9 Punkten huet besonnesch d’Elvira op sech opmierksam gemaach. Hat gëtt dat 9t am Gesamtklassement an déi 1t Dame virum Zatonskih aus den USA.