38 Schachspiller hunn de Samschden ob de Blëtzlandesmeeschterschaften em den Titel gekämpft, dorënner och d’Sevda an den Théid.
Den Théid huet sech mat 13/13 Punkte souverän bei den Eliminatoiren a senger Grupp duerchgesat a fir d’Final qualifizéiert, D’Sevda gouf a sengem Grupp dat 5t mat 9 Punkten. Och dëst Resultat ass duergaange fir an d’Final vun de beschten 12 ze kommen.
Dës Final gouf direkt am Uschloss zur Qualifikatioun gespillt. Den Théid hat entre temps leider d’Gléck verlooss a no zwou onglécklechen Nidderlagen direkt am Ufank misst hien sech mat der 5ter Plaz zefridde ginn. D’Sevda gouf dat gutt 8t.