Virun enger Woch hunn 206 Spiller um Memorial Luc Winants zu Bréissel deelgeholl, dorënner 37 Groussmeeschteren mat bekannte Nimm wéi de Nigel Short an den Étienne Bacrot. D’Turnéier war gläichzäiteg d’Schnellschachmeeschterschaft vun der Aidef (francophon Länner).

Besonnesch staark hunn och de Fred an d’Elvira sech presentéiert. De Fred, deen als 65. vun der Startlëscht gefouert gouf, an d’Elvira, dat op der 59. Plaz gestart war, hunn allebéid 6 vun 9 méigleche Punkten erreecht a beleeën domat am Endeffekt d’Plazen 33 a 34.

De Fred ass virun allem an der leschter Ronn Kéier opgefall, wéi hien géint de GM Andrey Sumets gewonnen huet an domadder seng exzellent Platzéierung ofséchere konnt.

Bei den Dammen ass d’Elvira op déi drëtt Plaz komm, just hannert der fréierer Weltmeeschterin Alexandra Kosteniuk an der jonker Hollännerin Eline Roebers, déi als ee vun de gréisste Shooting-Staren am internationale Schach gëllt.

Hei fannt dir d’Resultater vum Turnéier.