
Eng nei Variant vum Schach? Fir déi eng vläicht eng Erausfuerderung, fir déi aner eng Gelegenheet – a fir eist Elvira ? Eng weider Méiglechkeet seng Klass auszespillen.
Beim grenke Freestyle Chess Open zu Karlsruhe – engem Turnéier, wou sech déi ëmmer méi beléifte Form vum Schach duerchsetzt – huet hat eng staark Leeschtung gewisen a sech op enger super 88. Plaz ënner bal 300 Spiller behaapt.
Hei fannt dir seng Resultater.
Zu Freestyle Schach:
Dës Disziplin, offiziell als Chess960 bezeechent an och ënner dem Numm Fischer Random Chess bekannt, brécht mat de klassesche Reegelen: D’Figuren op der henneschter Rei ginn nom Zoufall placéiert – a sou entsti 960 méiglech Ausgangspositiounen.
D’Resultat? Manner Virbereedung, méi Intuitioun; Manner Theorie, méi Kreativitéit. De Fokus läit op spontaner Denkfäegkeet, Opfaassungsgeschwindegkeet an engem gesonde Bléck fir Taktik.
Ma egal wéi d’Figuren stinn – d’Elvira spillt se wéi eng 1.
© Fiona Steil-Antoni