D’Elvira, de Fred an de Claude hunn de Weekend um Festival international d’échecs zu Nanzeg matgespillt.
Mat 7 aus 9 Punkten huet beim Schnellschach besonnesch d’Elvira op sech opmierksam gemaach. Hat gëtt dat 9t am Gesamtklassement an déi 1t Dame virum Zatonskih aus den USA. De Fred klasséiert sech mat 6 1/2 Punkten ob der 20ter Plaz a gëtt den éischte Senior. De Claude Birtz gëtt mat 4 Punkten den 130ten vun 225 Schachspiller.
Och am Blitzturnéier par équipes huet d’Elvira seng Classe ausgespillt. Hat huet ënner anerem géint de staarken GM Christian Bauer remiséiert an um Enn 8/11 Punkte gemaach. Mam Fred senge 6,5 Punkten hunn si vill zur 4ter Plaz (vu 40) vun hirer Equipe bäigesteiert.
Hei sinn d’Resultater vun den Turneieren:
Blitz
Rapid






