Eis Damen sinn aktuell vill um Tour a ginn an d’Ausland Turneieren spillen.
D’Sevda huet d’lescht Woch zu Bitburg e Jugendturneier matgespillt a konnt an der Grupp 4 (enner 1500 Elo), déi 2t Plaz erspillen.
D’Elvira war mat sengem franséische Klub Vandoeuvre beim Top12 (12 bescht Veräiner aus Frankreich) am Asaz. Si konnten leider hiren Titel aus dem leschte Joer net verdeedegen, assuréieren awer de Maintien an der Liga. Ervir ze hiewen ass awer dem Elvira säin Gewenn géint d’Almira Skripchenko, eng vun de beschte franséische Spillerinnen, déi och méi Elo huet wéi d’Elvira.