Wat wier eng Europameeschterschaft ouni d’Famill Berend? Wéi ëmmer waren si um Rendez-vous an hu Lëtzebuerg och dës Kéier gutt bei der Open-Europameeschterschaft a Rumänie vertrueden.
D’Elvira Berend kennt mat 5,5 vun 11 méigleche Punkten op déi gutt 200. Plaz ënner 374 Spiller. Hat verbessert sech domat am Verglach zu sengem Startrang (240). D’Elvira huet géint all déi manner staark Spiller gewonnen an 3 Remis géint >2.400-Spiller erreecht.
De Fred kennt mat 4/10 Punkten ob déi 313. Plaz.

