No engem lange 9. Spilldag sinn mir frou, dass och eis éischt an eis drëtt Equipen de Klassenerhalt fir d’nächst Joer geséchert hunn. DUD II ass schon zanter leschter Ronn sécher weider an der Eierepromotioun.
D’Resultater vun dëser Ronn maache Freed beim Schreiwen:
- DUD I wënnt 17-15 géint LUX I
- DUD II wënnt spillfräi géint LAT I
- DUD III wënnt 16-6 géint SCH V





