Leider huet eis de leschte Weekend mam Ady Christoffel een vun eise längste Memberen am Alter vu 87 Joer verlooss.

Den Ady war iwwer Joerzéngten enorm engagéiert am nationale Schach. Wärend 71 Joer war hie Member vum Diddelenger Schachklub a war wärend 57 Joer (1966-2023) a verschiddene Funktiounen och am Comité engagéiert. Hien huet méi wéi eng Generatioun Diddelenger Schachspiller begleet a geprägt, déi um Kannertraining Sonndes moies bei him ugefangen hunn mat spillen.

Och an der Federatioun war den Ady iwwert eng ganz laang Period aktiv. Tëscht 1973 an 1994 war hien am Tribunal fédéral, vun 1994 bis 2007 am Comité central, wou hie vill verschidde Posten wéi Vize-President, Kaderdirekter oder Jugenddirekter iwwerholl hat. Tëscht 2000 an 2007 war den Ady President vun der Federatioun.

Ganz wichteg war dem Ady a senger Funktioun als FLDE-President och d’Feierlechkeet zum 75. Anniversaire vun der FLDE am Joer 2006. Ënnert senger Regie gouf eng Séance académique mam Sportminister a COSL-President organiséiert, e ganz interessant Livre d’or mat villen Artikelen a Statistiken aus 75 Joer FLDE publizéiert, e speziellen Timber mat der Post an Ëmlaf bruecht an eng Medaille mat der Kënschtlerin Yvette Gasthauer-Claire entworf.

Och fir d’Jugend huet den Ady sech enorm vill agesat. Him war et och de verdanken, dass de Jugendopen vun der FLDE iwwert vill Joeren am ganz besonnesche Kader vum Domaine thermal zu Munneref konnt ausgedroe ginn.

Mir soen dem Ady Merci fir seng grouss Verdéngschter a säin Asaz fir de Schach zu Lëtzebuerg. Senger Famill sprieche mer eis déifste Matgefill aus.