Dëse Sonnden war net eisen erfollegräichste Spilldag, mee et gouf trotzdeem e puer gutt Leeschtungen.
DUD I huet ganz knapp doheem de wichtege Match géint BON I verluer.
DUD II an DUD III hu béid zu Déifferdeng gespillt.
DUD II huet géint DIF III gläichgespillt – Kudos un de Roland an d’Victoria, déi op den éischte Brieder zwee wichteg Punkten géint staark Jugendspiller erkämpft hunn.
D’Jugendspiller vun DIF IX hu sech als déi méi staark Equipe gewisen a kloer géint eis drëtt Ekipp gewonnen.
📊 D’Resultater vum Weekend:
DUD I – BON I: 15 – 17
DIF III – DUD II: 16 – 16
DIF IX – DUD III: 16 – 8

