No enger laanger Paus war et endlech souwäit: D’Lëtzebuerger Dammemeeschterschaft ass zeréck! Se gouf vum 24. bis den 27. Mee am Kulturzentrum Paul Barblé zu Stroossen gespillt.
Sëlwer fir Diddeleng
Mat 5 aus 7 Punkte konnt d’Sevda sech an engem kompetitive Feld vu 12 Spillerinnen behaapten.
Mat roueger Hand a ville konsequent gespillte Partien huet d’Sevda gewisen, dass hat zu de beschte Spillerinne am Land gehéiert. Als eenzeg Diddelenger Vertriederin am Feld huet hat eis Veräinsfaarwen mat Stolz vertrueden.



