Top10 fir d’Nadine am Schnellschach

D’Nadine huet den CED de Weekend um Schnellschach Eenzel Championnat vertrueden.
Mat 5/7 Punkte placéiert hat sech an den Top10 vun 65 Schachspiller.

D’Famill Berend weist wat se kann

Mat 7 aus 9 Punkten huet besonnesch d’Elvira op sech opmierksam gemaach. Hat gëtt dat 9t am Gesamtklassement an déi 1t Dame virum Zatonskih aus den USA.

Rettung virum drohenden Ofstig

DUD I an DUD II gewannen zwee wichteg Matcher am Kampf géint den Ofstig! Merci un all eis Spiller fir hiren Engagement dës Ronn – grad och un déi, déi de Moment net sou vill spillen, mee sech dëse Weekend extra Zäit geholl hunn.

Eng wichteg 5. Ronn Championnat

De Weekend ware wichteg Matcher fir eis Equipen. D’Zil ass et sech net all ze schlecht ze positionnéieren ier et an d’Endronnen geet.

Championnat Ronn 4

De Weekend huet eis éischt Equipe de géint den Tabelleleader Iechternach gespillt. Ervir ze hiewen sinn besonnesch d‘Leeschtungen vum Elvira an dem Victoria, déi ob de Brieder 1 an 3 geint de Michael Wiedenkeller an den Yuri Boidman remiséiert hunn!