4 Diddelenger um Iechternacher Open

Wärend verschidde vun eise Spiller ob der Nuit des sports eis Begeeschterung fir d’Schachspill vermëttelt hunn, waren e puer vun eisen etabléierte Spiller um 29. Iechternacher Open dobäi.

Nuit des sports

Leschte Weekend ware mir ob der Nuit du sport zu Diddeleng. Grouss a Kleng hunn profiteiert fir mat eis Schach ze spillen oder d’Spill vun eis ze leieren.

Ofschloss vun der Saison 24/25

Staarken Ofschloss vun der Saison 24/25 fir eis Equippen. 
DUD III war spillfräi an déi aner zwou konnten hire Match gewannen.

Äddi Mett

Lescht Woch huet eis nach een laangjäregen Member verloos.

De Mett war vun 1972 bis 2025 aktive Member an eisem Klub an huet gaaanz vill Championnats Partien fir den CED gespillt.

Landesmeeschter eng Ronn viru Schluss

Um Championnat zu Waasserbëlleg absolvéiert de Fred dës Woch e sans Faute. Bei den ABC Meeschterschaften gëtt hien ledeglech zwee Remis of a gëtt mat 6/7 Punkten neie Landesmeeschter.