6 Memberen ob der AG geéiert

Den Owend war d’Assemblée générale vum CED. Nom Aktivitéiten- an Keessebericht, goufen eis 6 Membres méritants geéiert. Als Ofschloss gouf et Pizza an e Patt ob de Veräin.

Mir soen dem Ady Äddi …

Leider huet eis de leschte Weekend mam Ady Christoffel een vun eise längste Memberen am Alter vu 87 Joer verlooss.
Hien huet méi wéi eng Generatioun Diddelenger Schachspiller begleet a geprägt, déi um Kannertraining Sonndes moies bei him ugefangen hunn mat spillen.

Top10 fir d’Nadine am Schnellschach

D’Nadine huet den CED de Weekend um Schnellschach Eenzel Championnat vertrueden.
Mat 5/7 Punkte placéiert hat sech an den Top10 vun 65 Schachspiller.

D’Famill Berend weist wat se kann

Mat 7 aus 9 Punkten huet besonnesch d’Elvira op sech opmierksam gemaach. Hat gëtt dat 9t am Gesamtklassement an déi 1t Dame virum Zatonskih aus den USA.

Rettung virum drohenden Ofstig

DUD I an DUD II gewannen zwee wichteg Matcher am Kampf géint den Ofstig! Merci un all eis Spiller fir hiren Engagement dës Ronn – grad och un déi, déi de Moment net sou vill spillen, mee sech dëse Weekend extra Zäit geholl hunn.